Le concept

MATHI ass ee Projet, deen zu Lëtzebuerg fir d’Schülerinnen a Schüler an d’Léierpersonal aus de Lëtzebuerger Schoulen entwéckelt ginn ass. Et ass een neit, a senger Kontinuitéit spiralesch opbauend Konzept fir d'Léiere vun der Mathé an den Cyclen 1 bis 4 vun der Grondschoul am Laf vun deenen nächste Joren nei ze denken.

D'MATHI-Konzept lieft souwuel am Klassesall wéi och doriwwer eraus. Et gräift den eenzegaartege, méisproochege Kontext vun de Lëtzebuerger Schoulen op a bitt eng innovativ Approche, déi sech un d'Bedierfnesser vun de Schülerinnen a Schüler upasst. Des Weideren huet d’Material vum MATHI d’Ambitioun, d’Léierpersonal esou vill wéi méiglech am Alldag ze ënnerstëtzen, fir datt méi Zäit fir d’Aarbecht mat de Schüler zur Verfügung steet.
D'MATERIAL
De MATHI Classeur
De MATHI Classeur bitt ronn 200 kompetenzorientéiert Aktivitéiten an Hiweiser fir Mathematik am Alldag am Cycle 1 ze erliewen. QR-Coden leeden automatesch op Audioopnamen a Partituren vun de Lidder, souwéi op Zousazmaterial weider.

Zousätzlech zu den Aktivitéiten kritt dir als Léierpersoun theoreteschen Input zu de Léierprozesser beim Kand an zu den ënnerschiddlechen Kompetenzberäicher.

De Classeur kann een iwwer HEYDOO bestellen an d’Léierpersonal huet een Accès op déi digital Versioun vum Classeur a vum Zousazmaterial iwwer d’BiBox.
D’MATHI-Këscht
D’MATHI-Këscht enthält d’Material wat ee brauch fir déi meeschten Aktivitéiten aus dem Classeur mat der Klass duerchzeféieren, wéi z.B. Spigel, Muggelsteng, Eeër, Eeërkëschten, Aangelen, Stoffsäckercher a Wierfele. D’MATHI-Këscht kann een och iwwer HEYDOO bestellen.

Les formations

IFENAn dëser éischter online Formatioun fir de Cycle 1 ginn de MATHI-Classeur an d’MATHI Klassekëscht virgestallt, souwéi och dat didaktescht Konzept an d’Léiermethod vum MATHI:

Zousätzlech gi wärend dem Schouljoer 2024/25, 3 thematesch online Formatiounsmoduler ronderëm d’MATHI Material ugebueden:

Nieft dem digitalen Angebot, proposéiere mir den 10.Juli 2025 zu Walfer een Austauschtreffe fir all d'Participante vun de MATHI-Formatiounen :

BiBox

All Enseignant zu Lëtzebuerg huet Zougang zum zousätzleche Material an der digitaler Versioun vum MATHI-Classeur iwwer d'BiBox Plattform.

BiBox

BICHER & SPILLER

All d’Bicher a Gesellschaftsspiller déi an de MATHI-Aktivitéite benotzt ginn, sinn am follgenden Dokument opgelëscht. Dës sinn natierlech an all Librairie zu Lëtzebuerg ze kréien.

LËSCHT EROFLUEDEN

Kontaktéiert eis

x