D'PILOTPHAS
SCHOULJOER 2024-2025
Ab der Rentrée 2024/2025 schaffen eng 50 Léierpersounen an iwwer 500 Kanner aus 16 Schoule mam MATHI-Konzept am Cycle 2.1.

Le concept
MATHI ass ee Projet, deen zu Lëtzebuerg fir d’Schülerinnen a Schüler an d’Léierpersonal aus de Lëtzebuerger Schoulen entwéckelt ginn ass. Et ass een neit, a senger Kontinuitéit spiralesch opbauend Konzept fir d'Léiere vun der Mathé an den Cyclen 1 bis 4 vun der Grondschoul am Laf vun deenen nächste Joren nei ze denken.
D'MATHI-Konzept lieft souwuel am Klassesall wéi och doriwwer eraus. Et gräift den eenzegaartege, méisproochege Kontext vun de Lëtzebuerger Schoulen op a bitt eng innovativ Approche, déi sech un d'Bedierfnesser vun de Schülerinnen a Schüler upasst. Des Weideren huet d’Material vum MATHI d’Ambitioun, d’Léierpersonal esou vill wéi méiglech am Alldag ze ënnerstëtzen, fir datt méi Zäit fir d’Aarbecht mat de Schüler zur Verfügung steet.

D'MATERIAL

D'Mathi-Hefter
D'Material besteet aus 8 Hefter, e Schreifcours an e Materialheft fir d'Kanner. Et ginn och aacht kommentéiert Hefter fir d‘Léierpersounen.

D'MATHI-Set Kand
D'MATHI-Këscht fir Schülerinnen a Schüler enthält d'Material dat ee brauch fir all Aktivitéiten aus de MATHI Hefter mat der Klass auszeféieren, wéi Spigelen, Mehrsystemmaterial, Auer, Meterband, 20 an 100 Recherahmen a Folien. D'MATHI-Këscht wäert een och ab dem Schouljoer 2026/2027 iwwer de BON DE COMMANDE bestelle kënnen.

D'MATHI-Set Léierpersoun
De MATHI-Set Léierpersoun enthält d'Material, dat d’Léierpersoun brauch fir all Aktivitéiten aus de MATHI-Heften mat der Klass duerchzeféieren, wéi eng grouss Léierauer, Punktesträifen, Wierfel, Lineal, Spillfiguren, Muggelsteng an eng Wo. De MATHI Set Léierpersoun kann ab dem Schouljoer 2026/2027 iwwert de BON DE COMMANDE bestallt ginn.
Les formations
Wärend der Pilotphase ginn all ausgewielte Schoule mat engem Trainingspaket ënnerstëtzt. Engersäits léiere d'Schoule mat dem Material ze schaffen an op der anerer Säit e Feedback ze ginn, fir d'Material optimal un d'Bedierfnesser vun de Kanner an den Enseignanten unzepassen.