D'PILOTPHAS
SCHOULJOER 2026-2027
Ab der Rentrée 2026/27 schaffe 45 Léierpersounen a ronn 680 Kanner aus 15 Schoulen an der Pilotphas mam MATHI-Konzept am Cycle 3.1.
Ab der Rentrée 2028/29 kënnt d'MATHI-Material fir de Cycle 3.1 landeswäit eraus.

Le concept
MATHI ass ee Projet, deen zu Lëtzebuerg fir d’Schülerinnen a Schüler an d’Léierpersonal aus de Lëtzebuerger Schoulen entwéckelt ginn ass. Et ass een neit, a senger Kontinuitéit spiralesch opbauend Konzept fir d'Léiere vun der Mathé an den Cyclen 1 bis 4 vun der Grondschoul am Laf vun deenen nächste Joren nei ze denken.
D'MATHI-Konzept lieft souwuel am Klassesall wéi och doriwwer eraus. Et gräift den eenzegaartege, méisproochege Kontext vun de Lëtzebuerger Schoulen op a bitt eng innovativ Approche, déi sech un d'Bedierfnesser vun de Schülerinnen a Schüler upasst. Des Weideren huet d’Material vum MATHI d’Ambitioun, d’Léierpersonal esou vill wéi méiglech am Alldag ze ënnerstëtzen, fir datt méi Zäit fir d’Aarbecht mat de Schülerinnen a Schüler zur Verfügung steet.

D'MATERIAL
D'MATHI-Hefter
D'Material besteet am ganzen aus 8 Hefter, opgedeelt a jeweils 4 Hefter fir de Cycle 3.1., respektiv de Cycle 3.2.
Eng Aarbechtsgrupp aus Léierpersounen schafft kontinuéierlech drun, d'Inhalter vun den Hefter an der Pilotphas optimal ze entwéckelen, fir spéiderhin kënnen an eng Virphas iwwerzegoën. Aktuell gin d'Hefter 1-4 aus dem Cycle 3.1 konzipéiert an ënner wëssenschaftlecher Beroodung ausgeschafft.

Kommentéiert Hefter a Beilagen
Zum MATHI-Material aus dem Cycle 3 gehéieren ausserdem 8 kommentéiert Hefter fir d'Léierpersounen mat zousätzlechen Erklärungen an Hinweiser, souwéi e Materialheft (Beilagen), dat de Kanner och zur Verfügung steht.